An der Conter Gemeng hänkt den Hauseegen méi wéi schif. Nodeems schonn Ufank des Joers Mobbingreproche vu Mataarbechter géint d'CSV-Buergermeeschtesch Marion Zovilé-Braquet ëffentlech gi waren, hat Mëtt Juli d'LSAP-Schäffin Stéphanie Ansay hire Récktrëtt annoncéiert an dee mam Behuele vun der Buergermeeschtesch begrënnt. Mëttlerweil huet d'LSAP offiziell een Opléise vun der aktueller Koalitioun gefrot. Hannert de Kulisse lafen dann och schonn d'Gespréicher, fir eng nei Majoritéit ze bilden, an déi dierft aus dräi Parteie bestoen, Marc Hoscheid.

18/09/2025 BAND Suittes Affaire Conter 07h15 (online)