Gutt iesse goen am Restaurant, een an de Café drénke goen oder eng Nuecht am Hotel schlofen– fir vill Leit ass dat e ganz normale Rendez-vous am Alldag. Fir Mënsche mat enger Beanträchtegung gesäit d’Realitéit dacks anescht aus: Trapen, enk Raim, vill Duercherneen, oder och komesch Blécker a Virurteeler, maachen hinnen den Alldag méi schwéier. Mat engem neie Projet mam Numm „Bewosst“ wëllen de Ministère, Info-Handicap an d'Horesca dës Barrièren ofbauen – net nëmmen déi physesch, mee och déi an de Käpp. 
Mënschen mat enger Beanträchtegung solle méi staark an den Alldag integréiert ginn. An engems geet et drëms d’Gesellschaft fir den Ëmgang mat hinnen ze sensibiliséieren. Chris Meisch

18/09/2025 BAND Projet "Bewosst" 17h40 ChrisMeisch (INTERNET)