Méi laang Aarbechtszäiten, manner Pausen a manner Congé: D’Patronat hätt de Gewerkschaften no op der drëtter Sozialronn den 3. September inacceptabel Proposen op den Dësch geluecht. Den Direkter vun der Fedil, der Stëmm vun der Lëtzebuerger Industrie, de René Winkin, deen huet dat de Moien hei op RTL relativéiert. A sengen Ae wier «villes entweder falsch verstan oder carrément iwwerdriwwe ginn».
Résumé Invité Winkin
Am meeschte gelies