Wann elo kierzlech an der Gememg Biekerech de Camille's Gaart ageweit gouf, da konnt een dovun ausgoen dass dat als Hommage un de fréiere Buergermeeschter, a Staatsekretär fir nohalteg Entwécklung an Ëmwelt, Camille Gira geduecht ass.
Dem Camille Gira seng Verbonnenheet zu senger Heemechts Gemeng, säin Engagement a seng Léift fir d'Natur, seng Wäerter an Handlunge, grad wéi seng Leidenschaft fir Konscht, kann ee bei dëser Visite vun deem Gaart mat enger besonnescher Fauna a Flora erliewen. Sou kann een et um Panneau bei der Entrée vum Camille's Gaart liesen. Dee läit direkt hannert dem schéine Site vun der Biekerecher Kulturmillen. En Hommage an der fräier Natur?
Sinn immens frou dass mir no der Iddi vun 2019, elo 2025 endlech dëse Projet endlech kënnen aweien. Mat senge 15 Statiounen, senge verschiddene Skulpturen hei matzen an der Natur vu Biekerech.
Seet de Buergermeeschter Thierry Lagoda, an eng Portioun Emotioun ass do och ze spieren. Net vun ongeféier ass déi Plaz ausgewielt ginn fir de Gaart, wëll di Biekerecher Millen a wat doraus gouf, och e Verdéngscht vum Camille Gira ass?
De Site vun der Millen huet deen Camille schonn als Kand geprägt gehat. An dofir als Gemenge Papp spéiderhin huet e ganz vill dozou bäigedroen dass dee ganze Site sech wierklech flott entwéckelt huet, an dofir ass de Camill'es Gaart elo eng weider flott Offer fir deen heite Site.
Wat gesäit een do elo a wien war alles mat agebonnen um Projet?
Et ware ganz vill Akteuren hei involvéiert, et muss e wëssen dass dat do jo e Projet ass fir dem Camille ze gedenken, an dat heescht seng Famill hei implizéiert sinn awer och Frënn. An da natierlech Kënschtlerinnen a n d'Kënschtler, genee esou wéi e Gemenge Syndikat SICONA deen hei fir den Ënnerhalt an där schéiner Natur verantwortlech ass.
Op der Plaz kritt een och d'Explikatiounen zu de verschiddene Statiounen, hir Bedeitung an och d'Informatiounen iwwer d'Kënschtler selwer déi dem Camille Gira ganz no stoungen?
Wéi zum Beispill e Marie-Josée Kerschen, en Assy Jans, e Jhemp Bastin déi och hei hir Objet'en réaliséiere konnten. Mir hunn och eng ganz jonk Kënschtlerin hei aus der Gemeng Biekerech.
Fir d'Sarita Neu coordinatrice culturelle vun der Kultur Millen eng Beräicherung a si ënnersträicht dass di Visite am Camille's Gaart ëmmer accessibel ass.
Also mir sinn immens stolz drop dass mir elo dee Gaart hunn, an dir kënnt all Dag heihinner kommen egal bei wéi engem Wieder. Et gesäit ëmmer anescht aus natierlech je no Joereszäit. Mee d'Skulpture sinn immens flott, a flott Plaze fir einfach reflektéieren ze kënnen an eng relax Zäit ze verbréngen.
Dëse Gaart ass awer och eng Plaz vun der Rou, vum Asechgoen a vum Nodenken. Eng Plaz op déi de verstuerwene Camille Gira houfreg wär.
D'Kultur Millen am Geescht vun der Zäit, an elo nach méi am Geescht vum Camille Gira.
Jo an d'Foto Galerie vum Camille's Gaart zu Biekerech mat Skulpturen aus Holz, Toun, Eisen a méi op der Kulturmillen, déi si schonn online.