Zanter mëttlerweil bal zwee Joer ass Krich am Noen Osten. Nodeems déi islamistesch Hamas Israel de 7. Oktober iwwerfall a méi wéi 1.500 Leit ëmbruecht hat, huet déi israeelesch Regierung sech zum Zil gesat, d'Hamas vun der Muecht an der Gaza-Sträif ze verdreiwen. Bei den israeelesche Militärattacke stierwen awer och ëmmer nees ganz vill Zivilisten. Verschidde Quelle schwätze vun iwwert 80.000 Doudege Palästinenser, grouss Deeler vun der Gaza-Sträif si komplett zerstéiert. Fir op déi Situatioun opmierksam ze maachen an d'Politik opzeruffen, eppes dogéint ze ënnerhuelen, gëtt dëse Sonndeg eng grouss Maniff organiséiert, Marc Hoscheid.
23/09/2025 BAND Gaza Maniff 17h40 (online)
Am meeschte gelies