De Kollektiv fir Palestina mat enge 50 Asblen an ONGen huet decidéiert, a sengem Asaz géint de Génocide e Schrëtt méi wäit ze goen an d’Société Civile direkt unzespriechen, fir nach méi Leit ze mobiliséieren. D’Resultat: gëscht waren e puer Dausend Leit an der Stad op d’Strooss gaangen – géint Israel a fir Palestina, a besonnesch fir Gaza. Nieft politesche Parteien a Gewerkschaften hunn och vill ONG’en, déi sech bis elo éischter zréckgehalen haten, Presenz gewisen. Et sollt eng Demonstratioun vun der Solidaritéit op méi héijem Niveau sinn. Op der Place de l’Europe hunn sech d’Participanten zesummefonnt, éier de Cortège no 15 Auer iwwer d’Rout Bréck duerch d’Uewerstad bis op de Place Clairefontaine gefouert huet.
Global March for Palestine: Maniff géint de Genozide a Gaza
De Chris Meisch war fir eis mat dobäi.
29/09/2025 BAND Gaza Manif 7h15 ChrisMeisch (INTERNET)
Am meeschte gelies