Déi pro-europäesch Regierungspartei PAS kënnt bei de Parlamentswalen a Moldawien op bal 50 Prozent vun de Stëmmen a gewënnt domat Parlamentswal an engem ugespaante Kontext. Der Presidentin Maia Sandu no hätt Russland nämlech am Virfeld probéiert d’Walen ze influenzéieren. Russland dementéiert dat. Ronn 50 Walobservateure waren am Optrag vun der Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht an Europa op der Plaz fir ze kucken ob alles korrekt ofleeft. Dorënner och zwee Lëtzebuerger, Marlène Clement.
29/09/2025 Parlamentswalen Moldawien 12h40
Am meeschte gelies