D’Doktesch an Zänndokteschassociatioun AMMD wëll mat hire Memberen diskutéieren, ob een d’Konventioun mat der Gesondheetskeess opléist. Dat nodeems eng Mediatioun iwwert d’Augmentatioun vun den Tariffer gescheitert ass. D’AMMD ass der Meenung, datt d’Dokteren méi schlecht ewech kommen, wéi d’Spidolspersonal. An et geet hinnen net séier genuch virun mat de Reformen en Vue vun méi Liberaliséierung. Ma d’Gesondheetsministerin Martine Deprez an de CNS-President Christian Oberlé wieren sech géint déi Duerstellung. Michèle Sinner

29/09/2025 BAND AMMD CNS SANTE 17H40