E Vollzäitaarbecht ze hunn, an sech integréiert ze hunn, geet net duer, fir als Drëttstaatler kënnen zu Lëtzebuerg ze bleiwen. Déi Erfarung huet rezent eng ufank 30 Joer al Fra an hier Famill aus dem Irak musse maachen. D’Fra huet an enger Crèche geschafft, ma hier Asyldemande gouf refuséiert. Deemno kann si och net méi schaffe goen. Doriwwer eraus war d’Famill och opgefuerdert ginn, hier Wunneng an der ONA-Struktur ze verloossen. E liichten Hoffnungsschimmer schéngt et fir d’Famill den Ament awer nach ze ginn. Diana Hoffmann
02/10/2025 Vollzäitjob mee keen Asyl 7h15 (Online)
Am meeschte gelies