A 14 Kategorien ginn déi bescht artistesch Leeschtungen vun den leschten 2 Joer aus dem Filmsecteur ausgezeechent. D'Nominatiounen goufen haut vum Filmfong zesummen mat der Filmakademie presentéiert, Claudia Kollwelter
An eng Partie Filmer tauchen an direkt e puer vun den am ganzen 14 Kategorien op. Dozou gehéiert ënnert anerem "Hors d'Haleine", "Läif a Seil" oder "Marianengraben". Allen dräi sinn zum Beispill fir de bëschten Scenario nominéiert. Eng nei Kategorie, wéi den Fred Neuen, President vun der Filmakademie erkläert:
An et ass och wierklech héich Zäit ginn, dass d' Lëtzebuerger Zeenaristen an Auteuren unerkannt ginn, well ganz am Ufank, beim alleréischte Filmpräis, 2003, do waren nämlech nach Juryen, do gouf et nach keng Filmakademie, wou d' Membere konnte wielen. An déi huet deemools gesot, jo, bei de Kuerzfilmer wär et e bësse schued, well technesch wär et ganz gutt, mee d' Zeenarioe wären net esou grad dat, dat war 2003. An haut sinn eis Auteuren awer op deem Niveau, wou se largement e Präis verdéngt hunn.
Nieft al bekannten Nimm géifen awer och ëmmer erëm nei Leit bäikommen ënnert de Nominéierten:
Kreativ gesinn ass wierklech amgaangen enorm ze bougéieren. Dat gesäit een well d' Qualitéit war ganz, ganz héich dëst Joer.
De Filmpräis ass ëmmer de Moment fir d'Aarbecht aus de leschten 2 Joer auszezeechnen. Den Direkter vum Filmfong Guy Daleiden:
Wann ee gesäit, dass eis Lëtzebuerger Filmschaffender an eis Filmer international Unerkennunge kréien, international Selektiounen a Präisser gewannen, dann ass et och wichteg, wann een eng Unerkennung bei sech am Land kritt an dofir organiséiere mer all zwee Joer de Präis zu Lëtzebuerg. An ech mengen dat gëtt mat Spannung erwaart.
D'Zeremonie vun der 11. Editioun vum Filmpräis ass den 22. November am groussen Theater:
Dës Kéier ass den Owend organiséiert vum Fabio Godinho zesumme mam Anne Klein an da wëll ech net ze vill elo scho verroden, wat op der Bün geschitt, mee et ass awer e bëssen e Rappell vun deene leschte Filmpräisser an natierlech d' Presentatioun an och virun allem visuell duergestallt, wat an deene leschte Jore geschitt ass. Also et soll en Owend ginn, dee convivial ass, dee kollegial ass. D' Filmakademiesmembere wielen d' Präisser, si sichen d' Leit eraus an et ass jo fir déi Filmschaffend deen Owend geduecht an ech mengen déi sollen dann och richteg zelebréiert ginn.
Presentéiert gëtt den Owend vum Emma Da Silva an musikalesch encadréiert vum Maz am Sergio Manique.
An déi ënnerschiddlech Nominatiounen an den 14 Kategorien vum Filmpräis fannt der all am Detail bei eis op rtl.lu