Datt ONGen a Schoulen an op aner Plaze ginn, fir iwwert hier Aarbecht am Beräich vun der Entwécklungszesummenaarbecht ze sensibiliséieren, ass zu Lëtzebuerg net nei. Wéi dat konkret geschitt, soll sech awer änneren. Wärend déi verschidden ONGen dat bis elo gréisstendeels individuell gemaach hunn, solle si sech an Zukunft zesummeschléissen. Eng Reform, déi fir déi verschidden Acteuren eng grouss Ëmstellung bedeit an op mannst am Ufank op Kritik gestouss ass, Marc Hoscheid.)

06/10/2025 BAND Reform Secteur ONGen (online)