Transaktioune gi just bis zu engem gewëssene Niveau kontrolléiert, well de Client um Enn iwwert säi Geld décidéiert. Dat huet de Patrick Montagner, Member vum Opsiichtsrot vun der europäescher Zentralbank am RTL-Interview erkläert. De Superviseur vu Frankfurt huet keng spezifesch Informatiounen zur Enquête vun der EZB iwwert d’Kreditlinne vun der BGL BNP Paribas un d’Caritas ginn. Hien huet awer erkläert ewéi d’Kontroll oder Enquêten generell funktionnéieren, Fränz Aulner
Résumé Interview Patrick Montagner
Am meeschte gelies