Fënnef Woche virum Start vun der Weltklimakonferenz zu Belém a Brasilien, huet d’ONG „Action Solidarité Tiers Monde“, kuerz ASTM, hir Positiounen a Fuerderunge fir eng ambitiéis, gerecht an inklusiv Klimapolitik presentéiert. An hirem Appell rifft d’ASTM d‘lëtzebuergesch Regierung, d’EU an déi international Communautéit dozou op, méi Verantwortung fir de Klimaschutz am globale Süden ze iwwerhuelen. Et geet ëm Klimafinanzéierung, Gerechtegkeet an d’Fro, wéi vill déi räich Industrienatioune bereet sinn, tatsächlech bäizedroen.
D’Konferenz ass am November am brasilianeschen Amazonasgebitt – engem vun de wichtegste Symboler am Kampf géint d’Klimakris.
Chris Meisch
06/10/2025 BAND ASTM - COP30 17h40 ChrisMeisch (INTERNET)
Am meeschte gelies