Bis zu 800 Milliarden Euro wëll d’Europäesch Unioun bis 2030 an d’Defense an an eng ëmfaassend militäresch Oprëschtung investéieren.

Mat hirem Programm „Readiness 2030“ reagéiert d’EU op déi aktuell weltpolitesch Onsécherheeten. D’Zil: déi militäresch Onofhängegkeet vun Europa stäerken  an eng gemeinsam europäesch Verdeedegungsindustrie opbauen – fir sech net méi op aner Groussmuechte verloossen ze mussen. A grad do setzt d’Kritik vum lëtzebuerger Kollektiv „5 pour cent c’est NON“ un. D’Beweegung ass géint déi geplangte Militariséierung vun Europa – a besonnesch géint d’EU-Initiativ „Readiness 2030“.

Mat engem Manifest, wëll de Kollektiv ee kloert Zeeche géint déi aktuell Verdeedegungspolitik vun der Europäescher Unioun setzen. Chris Meisch

10/10/2025 Manifest géint Militariséierung (INTERNET)