Den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz war de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Nodeems d'CSV an de leschte Sondage Plomme gelooss huet an et allgemeng vill Onzefriddenheet mat CSV-Ministeren gëtt, wollte mer ënner anerem wëssen wat déi Chrëschtlech-Sozial fir Léieren doraus zéien, Annick Goerens

13/10/2025 Resumé Invité: Marc Spautz / Reportage: Annick Goerens

Mam Marc Spautz hunn mer och iwwer den Budget an d'Steierreform geschwat. D'Kritik vun der Oppositioun, dass een do net éierlech wier well de Budget net am pluriannuellen Deel mat aberechent gouf, léisst hien net gëllen. Et wier een do nach an de Grondzich an et géing eben dovun ofhänken, wat een elo nach alles do wéilt mat eranhuelen, sou den CSV-Deputéierten.