De 7. Oktober 2023, also viru bal genee 2 Joer, hat déi islamistesch Hamas Israel op eng Aart a Weis ugegraff, déi esouguer déi meeschte Sécherheetsexperten net fir méiglech gehalen haten. Méi wéi 1.100 Mënsche si bei der Attack den Dag selwer gestuerwen an eng 250 goufen als Geiselen an d'Gaza-Sträif verschleeft. Haut goufe respektiv ginn déi lescht vun hinne fräigelooss. Dat ass ee Moment, op deen net nëmmen d'Famillje vun de Geisele laang gewaart hunn. Fir doriwwer ze schwätzen an ee Bléck no vir ze werfen, ass de Marc Hoscheid am Studio.

13/10/2025 Situatioun am Noen Osten