Wéi ka Lëtzebuerg, wéi kënnen d'Leit alleguerten prett gemaach ginn fir de Fall vun enger nationaler Kris? Dorëms geet et an der sougenannter neier nationaler Resilienzstrategie, déi e Méindeg offiziell virgestallt gouf ma fir den Ament nach relativ vage gehal ass. De Grand-Duché soll an den nächste Méint a Joren prett gemaach ginn fir all Zort vun Urgencen; Iwwerschwemmungen, Cyberattacken, Desinformatioun oder och nach Terror a Krich. An der Emissioun "Dir hutt d'Wuert" haten d'Leit de Moien eng ganz Partie konkret Froen dozou un den haut-commissaire à la protection nationale Guy Bley. D'Claude Zeimetz resuméiert
15/10/2025 Résumé "Dir hutt d'Wuert"- National Resilienzstrategie
Am meeschte gelies