Sech een Dag laang wéi en Astronaut fillen, dovun dreeme vill Leit. Um „Astronaut for a Day“ hunn 13 Lëtzebuerger a Lëtzebuergerinnen en Abléck krut. De Programm, adresséiert sech u Jonker, tëscht 13 an 21 Joer an der Hoffnung esou nei Talenter ze fannen, déi duerno am Raumfaart-secteur schaffe wëllen. D’Finalisten huelen un Atelieren an Trainingen deel, wou si zesumme mat Astronauten an Experte vun der Raumfaart, Exercicë ronderëm Teamwork a Raumfaart erliewen.

Den Highlight vum Programm war Haut, wou déi 13 ausgewielte Lëtzebuerger Kandidaten e sougenannte Parabelfluch haten, deen de Verloscht vun der Schwéierkraaft  simuléiert. Vun elo un, sinn si ee Joer laang Ambassadeuren an Ambassadricë vun der Lëtzebuerger Agence fir d‘Raumfaart.
Chris Meisch

15/10/2025 BAND "Astronaut for a Day" 17h40 ChrisMeisch (INTERNET)