Haut viru genee 84 Joer huet de Leidenswee vun 323 Judden zu Lëtzebuerg op der Stater Gare ugefaangen. Zu Tréier goufe weider 190 Leit gezwongen an den Zuch ze klammen.
Et war de Point de Depart vum éischten Deportatiounszuch aus Westeuropa , dee jiddesch Männer, Fraen a Kanner iwwert Tréier, an de Ghetto Litzmannstadt, wéi déi polnesch Stad deemools vun de Nazie genannt gouf, bruecht huet.
84 Joer méi spéit erënnert Lëtzebuerg zesumme mat däitsche Partneren un dëst schrecklecht Kapitel. Ënnert dem Titel „Grenzenlos gedenken“ war haut op de Stater Gare – genee do, wou de Deportatiounszuch deemools fortgefuer ass - eng Commemoratioun.
16/10/2025 BAND Commemo Gare 17h40 ChrisMeisch (INTERNET)
Am meeschte gelies