Sport ass Mord...dat ass e Saz dee vill Doktere scho laang net méi gëlle loossen. Sport hält net nëmme fit an hëlleft géint kardiovaskulär Krankheeten, mä Beweegung reduzéiert och de Risiko fir Kriibs ze kréien. Eng ganz Rei Etüde weisen, datt Leit déi Sport maachen besser Chancen hunn ni an hirem Liewen d'Diagnos Kriibs ze kréien.
Vläicht ass dat jo en Argument fir sech e puer Mol an der Woch ze rappen a wierklech eppes fir seng Gesondheet ze maachen, Céline Eischen

Verschidden Etüden weisen datt de Kriibsriskio bei Leit déi Sport maachen en Drëttel méi niddereg ass.
Sportlech Mënschen sinn domadder natierlech net automatesch géint Kriibs geschützt, mä wa bei hinnen en Tumor fonnt gëtt, stinn hir Chancen fir erëm gesond ze ginn däitlech besser wéi déi vu Leit déi sech net fit halen.
D'Ausdauer spillt eng wichteg Roll, mä awer och d'Kraaft.
Wat ee méi Muskelen huet, wat d'Chance besser sinn, am Fall wou ee krank gëtt, seet den Dokter Steve Hein aus dem CHL. Ma och wann een als Sportmuffel Kriibs kritt ass et nach net ze spéit. Och da ka Beweegung nach ganz vill hëllefen, esou Steve Hein.
"Zum Beispill eng Chimiotherapie besser z'iwwerstoen a manner Niewewierkungen ze hunn, wéi zum Beispill d'Middegkeet, déi dacks ausgepräägt ass. Dann och fir de Muskelschwund ze bekämpfen, dee wärend enger Chimiotherapie opkënnt, well einfach keen Appetit do ass, an och fir Nerveproblemer, déi kënnen entstoen, dat nenne mer Polyneuropathie, éischter a besser ze traitéieren. Do kann een dann zum Beispill Balanceübungen, feinmotoresch Übunge mat abauen."

Mä firwat ass et grad de Sport deen hëlleft? Wat bewierkt Beweegung, datt se esou en Afloss op eng schwéier Krankheet huet?
"Engersäits sëtze mer mat der Aktivitéit eis Inflammatioun am Kierper erof. Do huele mer dem Kriibs warscheinlech eng Zort vu sengem Wuesstumsheizer. Dat geschitt warscheinlech iwwer Buetemstoffer, also Moleküllen, déi vum Muskel fräigesat ginn. Wa mer de Muskel méi aktivéieren, e méi grouss kréien, dann hu mer méi vun deene Buetemstoffer. An déi wierke sech dann op d'Kriibszellen aus, zum Beispill iwwert de Wee och, dat d'Immunitéit eropgesat gëtt. Dat heescht, eis Immunzelle sinn einfach méi geziilt aktiv géint d'Kriibszellen an erwëschen se éischter''.

Am CHL ass de Sport schonn zënter 10 Joer enk mat der Onkologie verknäpppt.
Fir d'éischt war Sport een Deel vun der Therapie bei Broschtkriibs. Elo gëtt déi Zesummenaarbecht weider ausgebaut, ënnert aanerem mat Patienten déi Daarmkriibs hunn. Eng rezent Etüd, déi Uganks dës Joers an engem ganz renomméierte Journal publizéiert gouf beleet, datt de Risiko fir réckfälleg ze ginn mat Sport ëm 28 Prozent méi niddereg ass. De Risiko fir ze stierwen ass souguer 37 Prozent méi niddereg.
Dobäi muss een keen Héichleeschtungssport maachen.
"Mir wëssen hautzudaags, et muss net direkt de Maximum sinn, et ass natierlech schéi, wann een dat erreecht, mee alles wat ee mécht, vun Ausdaueraktivitéit gëllt, an d'selwecht ass et och beim Kraaftsport. Mir wëssen, datt de Kraaftsport fir sech eleng immens, immens Auswierkungen op de Kriibsrisiko, op d'Duerchlafe vun der Kriibserkrankung huet, an dowéinst sollt een och eng muskelstäerkend Aktivitéit mat abauen, an dat am beschten zwee Mol pro Woch, ongeféier 30 Minutten. "

Enn dës Joers oder Uganks d'nächst Joer gëtt iwweregens en neie Pilotprojet lancéiert.
Do kréien d'Dokteren d'Méiglechkeet verschiddene Patientegruppen kierperlech Aktivitéit ze verschreiwen. Domadder kënnen déi Patienten sech vu geschoultem Personal hëllefe loossen a kréien dat -op d'mannst zum Deel- vun der CNS rembourséiert.