1 Persoun op 300 huet zu Lëtzebuerg eng genetesch Krankheet, déi zu héije Cholesterolwäerter féiert. Och Kanner kënnen schonn dovu betraff sinn. De Gesondheetsministere lancéiert elo ee Programm, fir des Krankheet esou frei wéi méiglech z‘erkennen.
Eltere vu Kanner am Alter vun 18 Méint kréien duerfir am November eng Invitatioun, fir hiert Kand gratis op sougennant familiär Hypercholesterolämie testen ze loossen. Wann d’Krankheet fréi erkannt gëtt, hëlleft dat net nëmmen dem Kand, mee och der Famill.
Chris Meisch
21/10/2025 BAND Depistage héije Cholesterol 7h15 ChrisMeisch (INTERNET)
Am meeschte gelies