Wann e Gebai ënner Denkmalschutz gesat gëtt, hëlleft de Staat mat bis zu 50% fir d’Restauratioun vum Gebai. Dat huet den Direkter vum INPA (Institut national pour le patrimoine architectural), fréier Sites et Monuments, de Patrick Sanavia de Moien hei op RTL betount. Hien huet ofgestridden, datt Wunnprojeten duerch Denkmalschutz géinge méi deier ginn.

Résumé Invité Sanavia