En Hotel mat méi ewéi 500 Kummeren, plus Restaurant a Wellness, eng Hal mat Plaz fir iwwer 4000 Leit an honnerte Parkplazen.
Dat plangt de Promoteur a Constructeur Felix Giorgetti op der Kockelscheier. De Mega-Projet „Forêt d‘or“ duerchleeft zënter dem Ufank vum Joerzéngt d‘Prozeduren.
Ma bis de Komplex Realitéit ka gi kéint et nach e Strapp daueren, wéi Gëschter am Stater Gemengerot gewuer ze gi war.
Ënner anerem ass de Komplex ze grouss. Pit Everling

21/10/2025 Hotel Kockelscheier 17h40 ONLINE Everling