Eng Substanz, déi berouegt, konzentréiert a gläichzäiteg zerstéiert: Nikotin bleift eng vun de geféierlechste, mee och gesellschaftlech normaalsten Drogen iwwerhaapt. An engems fënnt d’Substanz ëmmer nei Weeër, fir bei déi Jonk  ze kommen.

Nikotin kritt een an den ënnerschiddlechste Formen – als Zigarette, Vapes oder eben och als Nikotin Pouches, och Snus genannt. E klenge wäisse Sachet, deen een sech ënnert d‘Lëps stécht. Diskret, ouni Damp, ouni Geroch – mee mat engem héije Suchtpotenzial, an deelweis 10 mol esou vill Nikotin wéi an enger Zigarett. Dofir huet d‘CNEL, déi national Schülerkonferenz, eng Ëmfro iwwer de Konsum vum Snus lancéiert a fuerdert politesch a pedagogesch Reaktiounen.

Chris Meisch

22/10/2025 BAND CNEL - SNUS 7H15 ChrisMeisch (INTERNET)