Fir Agefruere russesch Staatsgelder als Garantie fir Krediter fir d’Ukrain anzesetzen, muss nach op d’mannst bis Enn des Joers geward ginn. Déi 27 EU Staats- a Regierungscheffe si sech geschter um EU Sommet zu Bréissel just Eens gi fir d’EU-Kommissioun ze beoptragen Optiounen ze sichen. D’Belsch, wou déi meescht russesch Staatsgelder bei Euroclear immobiliséiert sinn, krut net déi néideg Garantien. Aus der belscher Haaptstad, de Fränz Aulner
Am meeschte gelies