Dem Staatsminister - an domat der Regierung - hiren Etat de la nation ass gehalen - ganz vill Punkte goufen ugeschnidden a chiffréiert.

Ma wat bleift konkret lo un Aarbecht fir d'eenzel Ministèren? Wat ass de Plang vun der Regierung fir d'ekonomesch Relance ze paken - nom Motto "Lëtzebuerg stäerken, Chancen notzen a Perspektive schafen"? A wou muss d'Dräier-Koalitioun grad elo Leadership weisen?

Dat hu mir e Mëttwoch de Moien an engem RTL-Presseclub-Spezial zur Lag vun der Natioun beliicht.

D'Invitéë waren:

Chefredakter vum Wort, de Marc Schlammes
Chefredakter vum Tageblatt, den Dhiraj Sabharwal
Chefredakter vu reporter.lu - de Christoph Bumb.

Den RTL-Presseclub vum 14. Oktober 2020

Rendez-vous fir de Presseclub-Spezial zum Etat de la Nation um 8.10 Auer e Mëttwoch de Moie live um Radio an op RTL.lu.

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.