Am Rebound vun haut geet et ëm een Thema, dat den Ament vill a Basketkreesser diskutéiert gëtt. Nämlech datt den Vibball Iechternach den Ament seng Ekippen zeréck gezunn huet a keng Aktivitéite méi ubitt. Dobäi gëtt et de Veräin nach net laang. De Rebound gëtt iech vum Rich Simon presentéiert.

22/11/2024 Rebound 18h40 Simon

Deemno eng Affaire à suivre. 

E Sonndeg spillt d'Nationalekipp, an der WM Pre-Qualifikatioun géint Rumänien. Wärend dem Event organiséiert d'FLBB eng Solidaritéitsaktioun: All Spectateur ass invitéiert e Petzi matzebréngen, deen an der Halbzeit op den Terrain gehäit soll ginn. Déi ginn da spéider un d’Croix Rouge verdeelt, fir d‘Kanner a Nout mat engem Chrëschtkaddo ze iwwerraschen.