Um drëttleschte Spilldag an der Qualifikatiounsronn an der Enovos-League bei den Hären huet den zweetleschten, Musel-Pikes, d'Limiten géint den Zweeten an der Tabell, Diddeleng, gewise kritt. Lo hunn d'Hären wéinst der Nationalequipe bis Enn Februar Paus. Bei den Dammen gouf de leschte Weekend net gespillt well d'Nationalequipe am Asaz war. Et sollt um Enn fir d'FLBB-Dammen awer esou just net duergoen fir sech fir d'Europameeschterschaft ze qualifizéieren. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:

14/02/2025 18h40 Rebound

D'WM-Qualifikatiounspartie bei den Hären tëscht Norwegen an Lëtzebuerg kënnt Dir den nächsten Donneschdeg Owend vu 7 Auer un op rtl.lu an rtlplay suivéieren. Den 21. Spilldag an der Qualifikatiounsronn bei den Hären fänkt dann schonn Donneschdes den 27. Februar mam Match Ettelbréck géint d'Musel-Pikes un.