
Op RTL Play fannt dir zanter Kuerzem de Video-Podcast 35M-Elevator Pitch mam Emile Schlesser an Fabien Colas. Den Emile Schlesser war och bei eis am Studio fir iwwert dee Podcast ze schwätzen, dee carrement an d'Filmwelt andaucht. Wat huet et mat dësem Numm op sech, firwat gouf dee Podcast an d'Liewe geruff a wat fir Leit kommen an d'Gespréich?

Den neiste Episod ass mam Andy Bausch.
Den Andy ass ee vun de Pionéier vum Lëtzebuerger Kino, déi di siwent Konscht an eis klengt Land bruecht hunn. Ufanks den 80er Joren, wéi d’Filmindustrie zu Lëtzebuerg nëmmen aus e puer Gecke wéi him bestanen huet, huet hien seng éischt Filmer gedréint – mat nëmme wéineg Mëttelen, mee ëmsou méi Leidenschaft. An huet esou Kultfilmer wéi den "Troublemaker" geschaf. Et ass e Genoss dem Andy sengen Anekdoten aus där Zäit nozelauschteren, wéi hie mat sengem Frënd an "acteur fétiche", Thierry van Werveke, des wëll Zäit erlieft huet, a wéi aus deene puer Gecke lues a lues Vollprofien ginn ass.
Hei kommt Dir bei den neie Video-Podcast a bei all déi aner: