RAM 1500
-
De PLUS
- Vill Kraaft a Plaz
- Erstaunlech gudde Reescomfort
- Flexibel asetzbar
- massiven Optrëtt
-
De MINUS
- Keng ofgespaarte Mall
- Parkplaz fannen net sou einfach
An dësem Automag komme mer op eng Mark aus dem Stellantis-Grupp ze schwätzen, déi éischter wéineg Leit um Radar hunn, an dat ass RAM.
Deene meeschten dierft RAM just a Begrëff a Relatioun mat der Mark Dodge sinn, well Dodge hat ëmmer e Pick-up mat der Modellbezeechnung RAM am Portfolio. 2010 huet de Konzern Fiat Chrysler Automobiles, kuerz FCA awer decidéiert, RAM als eege Mark z'entwéckelen a sech heibäi op Pick-upen ze spezialiséieren, iwwerdeem Dodge sech op SUVen a sportlech Autoe konzentréiert. Dodge a RAM gehéieren iwwerdeems mëttlerweil dem Stellantis-Grupp.
Du wars deemno mat engem Pick-up ënnerwee, wéi fiert sech dat dann am Alldag?
E Pick-up ass jo déi eng Saach, ma d'Dimensioune vum RAM 1500 sinn nach emol eppes anescht. Dësen ass nämlech bal 6 Meter laang... jo 6 Meter, an iwwer 2 Meter breet, respektiv bal 2 Meter héich. Do ass d'Sich no enger Parkplaz deels wierklech en Challenge. Doheem an d'Garagenafaart huet e sou just gepasst, ma an d'Garage op kee Fall.

© Andy Brücker
Och d'Erklammen ass net sou einfach, well do heescht et tatsächlech klammen. Extrem hëllefe mécht do d'Trëttbriet, wat automatesch erausfiert, wann ee bei den Auto kënnt. Wann een net domadder rechent, da mécht engem säi Schinnebeen Bekanntschaft domadder, an dat deet angeblech net sou gutt, wéi ech mer vun engem Kolleeg soe gelooss hunn.
Dat Trëttbriet ass wéi gesot mega praktesch, ma et hat bei mengem Testauto och e puer Macken. Obwuel de Schlëssel an der Wunneng war, den Auto zougespaart, a kee Mënsch wäit a breet ze gesi war, ass d'Trëttbriet reegelméisseg eraus an nees eragefuer, dat iwwert e puer Stonnen ewech. Den Dag drop hat de Problem sech awer vum selwe geléist.
Zeréck awer zur Fro, wéi e sech fiert... et ass schonn en impressionant grousst Gefier. Am Ufank hunn ech mech nach bei all Manöver extrem konzentréiert, ëmmer an der Angscht ech géif eventuell net genuch Ofstand halen, ma mat der Zäit gewinnt ee sech drun, an et fiert ee ganz gemittlech domadder am Verkéier mat. Wat engem opfält, ass wéi kleng munch aner Autoen op eemol wierken, déi ee soss als SUV zum Beispill awer éischter als "groussen" Auto agestuuft hätt.
Wann de RAM sou grouss ass, huet ee sécherlech och vill Plaz?
Fänke mer mol an der éischter Rei un. Tëscht Chauffer a Bäifuerer ass richteg vill Plaz an och grouss Leit fannen hei eng gutt Positioun. Och hannendrun an der zweeter Rei ass richteg vill Plaz, och wann 3 Leit do sëtzen.
Duerno fänkt et allerdéngs u méi komplizéiert ze ginn. Et ass wéi gesot e Pick-up, deemno huet een eng grouss Luedfläch. Bei eisem Testauto, war déi awer ouni Ofdeckung. Deemno konnt een do just eppes dropleeën, wann et net gereent huet, oder dat huet musse Waasserdicht sinn.
Wann een an der zweeter Sëtzrei keng Passagéier sëtzen huet, kann een do d'Réckbänk ëmleeën, an dann huet een tatsächlech richteg vill Plaz do. Sollt ee plange mat sou engem Pick-up mat der Famill an d'Vakanz ze fueren, dann onbedéngt beim Kaf vum RAM 1500 drun denken, entweder en Hardtop fir d'Luedfläch matzebestellen, respektiv soss ee System mat enger Ofdeckung, fir dass een do och zum Beispill Wallissen asw ënnerbrénge kann, ouni dass se un der fräier Loft transportéiert ginn, wou iwwregens och jidderee sech kéint zerwéieren, wann een enzwousch geparkt huet.
E praktesche Feature bei der Luedfläch ass zum Beispill nach e separat klengt Trëttbriet, dat een notze kann, fir eropzeklammen. Do muss een allerdéngs oppassen, dass een net an de Seeler hänke bleift, déi di hënnescht Klapp fixéieren, wann déi op ass. Virun allem beim erofklammen, kéint ee sech do nawell wéi doen. Déi kleng Hëllef kann ee manuell eran oder erausfueren.

© Andy Brücker
Ech hat de RAM wärend der Zäit, wou ech och vill fir d'Organisatioun vum Rallye Lëtzebuerg ënnerwee war. Do huet en sech als absolutten Jackpot erausgestallt. Egal ob et war fir Broschüren oder Caligoten ze lueden, Bindemëttel, Bänken, Biischten oder och nom Rallye d'Dreckstuten anzesammelen. Sou eng grouss Luedfläch ass an deene Fäll Gold wäert. Si ass dann och nach gutt ekipéiert mat e sëllegen Ankerpunkten, wou ee Spanngurter kann dru festmaachen, fir dass d'Saachen net bougéieren. An Uewerfläch ass och speziell traitéiert, dass se net ufälleg fir Schréipsen ass, respektiv sech gutt botze léisst.
Deemno ass et éischten e Gefier fir Leit, déi den Auto als Gebrauchsgéigestand am Alldag notzen?
Genee sou ass et. Entweder als Firmewon, wann een zum Beispill um Bau oder am Bësch schafft. Oder och wann een zum Beispill Motocross fiert, wou een da säi Motorrad hannendrop ka paken, fir op d'Pist ze fueren. Dat si just e puer Beispiller, wou sou ee Pick-up wierklech Sënn mécht. Et schéinen awer och vill aner Leit e Pick-up schéin oder praktesch ze fannen, well wou ech domadder ënnerwee war, ass mer opgefall, dass am Fong richteg vill Leit mat engem Pick-up ënnerwee sinn, sief et vu RAM, oder och vun anere Marke wéi Ford, Toyota, Isuzu, VW asw.
Am Banneraum muss ech soen, fënnt een och wierklech alles wat ee brauch. Plazen, fir eppes néierzeleeën, fënnt een der méi wéi ee brauch, an do deels och wierklech grouss Gefaacher, wou een och grouss Waasserfläsche kann dra verschwanne loossen. E grousse 14,4 Zoll Display fir den Navi, Panoramadaach mat Schiebedaach-Funktioun, Wireless-Charger, gutt Soundanlag mat 19 Lautsprecher vun Harman Kardon, bequeem Sëtzer asw. hate mer zum Beispill an eisem Testmodell, deen an d'Ausstattungsgamm "Laramie" hat.

© Andy Brücker
E weideren Atout ass natierlech de Reescomfort. Den 3 Liter Biturbo-Reiesechszylinder leescht 420 PS bei engem Dréimoment vu 636 Newtonmeter. Deen huet weider keng Problemer déi 2,4 Tonne vum RAM 1500 ze beweegen.

© Andy Brücker
850 Kilo kann een zousätzlech lueden, an net manner wéi 3,5 Tonne kann een zéien, deemno och fir grouss Roulotten, de Päerdsunhänger oder soss Remorquen, ass et eng optimal Zuchmaschinn. Vum Marketing-Responsabele vu RAM war et d'Ausso, dass een an den USA nach méi wéi déi 3,5 Tonnen dierft zéien.

© Andy Brücker
Souvill Auto a souvill Kraaft huet sécherlech och säi Präis
Lass geet et bei knapp 77.000 Euro fir de Basismodell. Jee nodeem fir wéi eng Ausstattung ee sech decidéiert, kënnt een awer och séier iwwer 100.000 Euro, kritt dofir awer och richteg vill Auto.

© Andy Brücker