Wien war schonn frou, wann de Stonneplang an der Schoul iwwer Bord geheit gouf an eng 'Blitz' gemaach ginn ass.
Dofir muss ee schonn Gréngs glëschten fir op engem sabbelege Sonndeg opzestoen, sech op Walfer ze deplacéieren fir do 3 Sproochen iwwer sech ergoen ze loossen. Um 3ten Sonndeg am November, bei Geleeënheet vun de Walfer Bicherdeeg war et gëscht nees souwäit. 100 Fräiwëlleger hate sech am Gebai vum eduPôle afonnt an hu fläisseg matgeschriwwen, wéi de Roland Schumacher, Jean-Claude Frisch an de Max Kuborn se mat Wieder gepéngegt hunn.

18/11/2024 RTL Dictée
RTL-Dictée - Kuborn - Frisch - Schumacher
RTL

Fir déi eng war alles hallef sou schlëmm, anerer hu schéin gekeimt a gutt Minn zu béisem Spill gemaach, well déi Zopp hate se sech selwer agebrockt. Ënnert hinnen och de Familljeminister Max Hahn.

RTL-Dictée - Schueler
RTL

De roude Bic koum manner an den Asaz wéi soss alt emol. Waren d'Texter manner schwéier oder haten déi erwuesse Schüler aus de leschten Joren geléiert. Den Alexandre Ecker, neie Mann un der Spëtzt vum ZLS war et e gudden Dag, a net just fir hien.

RTL-Dictée - Problemer