Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg war dëse Sonndeg och nees déi beléiften RTL-Dictée. Dës Kéier um fréiere Site vun der Uni am eduPôle, vis-à-vis vum Futtballterrain.

Scho fir déi 29. Kéier huet RTL d'Leit opgeruff, hir Sproochekenntnisser op d'Prouf ze stellen. Matschreiwe konnt een tëscht 10 an 12 Auer op 3 Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch an op Franséisch.

De Spaass steet natierlech am Vierdergrond, ma et gëllt och, déi mannste Feeler ze hunn, respektiv ze gewannen. Déi Bescht an den eenzele Sproochen dierfe sech iwwert e flotte Kaddo freeën.

Fir déi 29. Kéier huet RTL d'Leit opgeruff, hir Sproochekenntnisser ze testen.
Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg war dëse Sonndeg och nees déi beléiften RTL-Dictée.

Hutt Dir d'Diktater matgeschriwwen? Liest no, wéi vill Feeler Dir gemaach hutt.

Dictée op Lëtzebuergesch

D'Leit waren deelweis vu Wäitem komm, fir deen ze erblécksen, deen donneschdes, de sechsanzwanzegste September 2024, moies um Findel gelant war. Dir wësst sécher, wouvun hei rieds ass: Et geet ëm de peepstleche Besuch zu Lëtzebuerg.

De Grand-Duc, d'Grande-Duchesse an aner Perséinlechkeeten haten de Poopst direkt beim Fliger begréisst. Duerno goung et gaangs an d'Stad, wou den Invité aus dem Vatikan sech et net huele gelooss huet, en Espresso an d'Ënneschtgaass drénken ze goen, obwuel de Programm nawell sportlech getimet/getimed war an d'Sécherheetsvirschrëften et am Fong net zougelooss hätten.

Den Ierfgroussherzog konnt nach net a senger neier Funktioun mat derbäi sinn: Dee gouf nämlech eréischt dënschdes, den aachten Oktober vereedegt. Iwweregens hat Lëtzebuerg mat der Urgroussmamm vum aktuelle Staatschef schonn eng Kéier eng weiblech Lieutenante-Représentante. Ob dat sech wuel an Zukunft widderhëlt? An ob d'Welt och jeemools wäert eng Peepstin gesinn?

Op alle Fall hunn déi zwee Evenementer an den Noriichten an um Stamminee nawell vill kontrovers Diskussiounen ausgeléist. Et ass domat wéi mat deene meeschten Aktualitéitstheemen: Wat déi eng als Cadeau/Kaddo ugesinn, dreift déi aner op d'Palm.

Mee zeréck bei dat, wat eis haut verbënnt, an zwar eis Dictée. E Cadeau/Kaddo, sot ech elo just. Do gëtt et jo och eng integréiert Schreifweis mat engem grousse K. Muss een do de klengen d verduebelen oder net? Dat kënne mer geschwënn am Corrigé nokucken ... a wie weess, vläicht och a ville Kopien!

Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch

D'RTL-Dictée op Lëtzebuergesch
Traditionell gouf mat der heemescher Sprooch ugefaangen.

Dictée en Français

Au fil des décennies, la sympathie et l’admiration témoignées traditionnellement à la France, se sont peu à peu effritées. A tort ou à raison, un nombre croissant de concitoyens se sentaient agacés par une certaine arrogance voire du mépris pour le pays limitrophe, exigu, situé à l’extrême est du territoire de la Grande Nation.
 
Comme par enchantement, durant l’été deux mille vingt-quatre, la France qu’on aimait a ressurgi grâce à l’organisation plus que réussie des Jeux olympiques et paralympiques. Le tour de force d’organiser la cérémonie d’ouverture sur les berges de la Seine, en symbiose avec le public, a procuré aux participants des moments inoubliables malgré une météorologie peu propice. Il en a été de même du choix de se faire dérouler certaines compétitions sportives dans des lieux de prestige à vocation culturelle ou commémorative, grâce à des performances techniques, industrielles et d’organisation inattendues, à la hauteur des ambitions de nos voisins.
 
Mais, soulignons surtout l’atmosphère bon enfant, d’enthousiasme et de bonhomie qui a fait vibrer Paris, faisant contraste avec les guerres en cours, montrant qu’il est essentiel de relever la tête contre la violence, le mal et la mort.

D'RTL-Dictée op Franséisch
Nom Lëtzebuergesche war et op de Walfer Bicherdeeg um Franséischen.

Diktat auf Deutsch

Wandertag
 
Trotz des Tohuwabohus zurzeit sind Heerscharen todlangweiliger Genuss-Süchtiger (Genusssüchtiger) bereit, für marokkanische und libysche Spezialitäten opulente Wandertouren zu unternehmen. Die von weit her gereisten Konkurrenten wollen beisammenbleiben, spazieren gehen und in der Natur umherstreifen, selbst wenn sie deswegen heute Morgen auf allen vieren gehen müssen. Zwei mondän daherkommende Trekking-Touristen (Trekkingtouristen) mit anorakähnlichen Jacketts und gegelten Frisuren dünken prätentiös Maare zu erkunden und sich wie Brokkoli-Stängel (Brokkolistängel) auf Baumschäften aufrechtzuhalten. Dabei wollen sie andere zartbesaitete (zart besaitete) rußgeschwärzte Einfaltspinsel aus triftigen Gründen von der peripheren Reling entfernen und aus ihrem verhärmten Verlies an dieser Stätte befreien. Als Emissäre des Komitees der Wanderenthusiasten müssen sie gar oft eine Dreiviertelstunde Schlange stehen, um ein paar Brosamen als Entgelt für ihren Frondienst zu erhalten. Für diese Lotterie gibt es keinen Tipp, aber es wäre rau, an Silvester als Loser dazustehen.
 
Roland Schumacher

D'RTL-Dictée op Däitsch
Als lescht Sprooch koum déi däitsch Dictée un d'Rei.

D'Gewënner vun der RTL-Dictée 2024

Gewënner am Lëtzebuergesche

1. Andreas Adler, 3 Feeler
2. Myriam Reisdorfer , 5 Feeler
3. Danièle Schroeder, 6 Feeler

Gewënner am Däitschen

1. Nathalie Mailliet , 4 Feeler
2. Marie-Line Muller , 6 Feeler
3. Alain Wagner , 7 Feeler

Gewënner am Franséischen

1. Marie Lesage , 0 Feeler
1.  Miguel Marques, 0 Feeler
1. Alain Wagner , 0 Feeler

Gewënner an deenen 3 Sproochen am Ganzen

1. Alain Wagner , 14 Feeler
2. Denise Wagner , 18 Feeler
3. Nathalie Mailliet , 19 Feeler