No engem Joer Paus ass de Bréisseler Auto Salon elo nees do. Vun haut un dann och am Expo Zenter um Heysel fir de "Grand public". Do steet gemenkerhand schonn dat, wat bei eis dann och um Auto Festival an de Show Room kënnt. 

Mir froen elo emol no der Resonanz bei eisem Mann op der Plaz. Christian Schmit, gudde Mëtteg, du misst elo de Porte Parole vun der FEBIAC bei dir hunn?

11/01/2024 Christian Schmit live vun der Brussels Motor Show 2025

Genee an dat an der Persoun vum Christophe Dubon. FEBIAC, d'Fédération Belge et Luxembourgeoise de l'Automobile et du Cycle ass Organisateur vun dëser 101. Editioun.E Salon fir all Gôut. 56 000m2, 100 Exposanten an 63 Auto Marken pas mal.

Et ass e frou dass Renaissance vum Salon ganz gelongen ass.

"Find your Drive, drive your life", dat de Slogan vun dëser Editioun. Mat och enger Partie Welt an Europa Premièren. Concept an Dream Cars dierfe natierlech och net feelen, genee wéi vill Animatioun fir Grouss a Kleng.

An de belsche Kinnek hat sech et net huele gelooss fir gëscht dann och schonn eng Ronn iwwer de Salon ze dréinen.

Voilà bis nächste Sonndeg sidd dir bienvenue hei zu Bréissel am Expo Zenter gläich nieft dem Atomium. Iwwregens geet dat och ouni Auto, wëll di belsch Eisebunn nees ganz attraktiv Tariffer mam Entrées Ticket inclus proposéiert.

An domat aus der belscher Haaptstad zeréck an d'RTL City.

RTL

© Christian Schmit

RTL

© Unknown

RTL

© Christian Schmit

RTL

© Christian Schmit

RTL

© Christian Schmit

RTL

© Christian Schmit

RTL

© Christian Schmit

RTL

© Christian Schmit