
© Pixabay
... 236 Joer gëtt den George Washington bei den éischte Presidentschaftswalen an den USA eestëmmeg zum President gewielt. D'Wallokaler hu bal e Mount laang op. Et ass di eenzeg US-Elektioun, déi net am 4-Jores-Rhythmus stattfënnt.
1785 fléien di 2 Kolleege Jean-Pierre Blanchard an John Jeffries mat engem Gasballon iwwer d'Manche. Dofir brauche se 2 Stonnen a 25 Minutten, a si mussen ënnerwee ëmmer méi Ballast erausgeheie fir an der Loft ze bleiwen. Wéi se bei Calais landen, hunn di 2 just nach hir Ënnerwäsch un.
Zanter 1903 ass hei zu Lëtzebuerg e Fürerschäin virgeschriwwe fir e motoriséiert Gefier ze steieren. 4 Joer méi spéit, haut virun 118 Joer, gëtt deen Éischten ausgestallt, op ee gewësse Joseph Glesener. En Ingenieur vun der Bauverwaltung muss iwwerpréiwen ob den Här Glesener amstand ass e Gefier ze fueren.

© Pixabay
1978 kënnt um antarktesche Kontinent dat éischte Kand op d'Welt. D'argentinesch Mamm ass bewosst dohi bruecht ginn, fir den argentineschen Usproch op deen Deel vun der Antarktis ze bekräftegen. Egal wéi ass den Emilio Palma, sou heescht de Bouf, deen eenzege Mënsch vun deem bekannt ass, dass en als alleréischten op engem Kontinent gebuer gouf.
1989 stierft de japanesche Keeser Hirohito am Alter vun 88 Joer. Successeur gëtt säi Bouf Akihito, dee bis zu senger Ofdankung 2019 ënnert der Devis "Heisei" (Fridden iwwerall) regéiert. Zanterhier sëtzt deem säi Jong Naruhito um japanesche Keesertroun.
Haut virun 10 Joer kënnt et zu Paräis zur Terrorattack op d'Redaktioun vun der Satirzeitung Charlie Hebdo. 12 Leit ginn erschoss. 2 Deeg méi spéit kënnen di 2 Täter neutraliséiert ginn. Parallel dozou bréngt een aneren Täter nach weider 5 Leit am Groussraum Paräis ëm.
De Lewis Hamilton gëtt 40 Joer al. De Britt versicht no 7 Formel-1-Weltmeeschtertitele op Mercedes-AMG des Saison bei Ferrari säi Gléck.
Viru 7 Joer stierft di franséisch Sängerin France Gall. Mam Lidd "Poupée de cire, poupée de son" hat si 1965 fir Lëtzebuerg de Grand Prix Eurovision de la Chanson gewonnen.
A virun 2 Joer verléisst eis de "Kaiser" Franz Beckenbauer fir ëmmer.