... 90 Joer kënnt den Elvis Aaron Presley op d'Welt. De "King of Rock n' Roll" gëllt als eng vun de wichtegste Figuren aus der Popkultur vum 20. Joerhonnert, a mat méi wéi enger Milliard verkaafte Placken ass hien den erfollegräichste Solokënschtler vun allen Zäiten.

08/01/2025 Haut virun...

1959 gëtt de Charles de Gaulle éischte Staatspresident vun der Fënnefter Franséischer Republik a bleift et fir di nächsten 10 Joer. Dee selwechten Dag kënnt de Fidel Castro zu Havanna un a komplettéiert domat d'Victoire vu senger Revolutiounsbeweegung a Kuba.

1961 kënnt et a Frankräich ënnert der Regierung de Gaulle zum Referendum. D'Populatioun stëmmt mat 75% fir en onofhängegt Algerien.

An den USA leeft se scho gutt 3 Joer laang, éiert se 1973 och op der däitscher Tëlee hir Première feiert: D'Sesamstraße. Samson, Tifi, Grobi, Krümelmonster, Ernie a Bert erklären zanterhier de Kanner d'Welt.

Haut viru 5 Joer fält eng ukrainesch Passagéiermaschinn kuerz nom Depart zu Teheran erof. De Fliger um Wee op Kiew gëtt iertemlecherweis vun der iranescher Loftofwier ofgeschoss. Allen 176 Leit u Bord kommen ëm d'Liewen.

88 Joer al gëtt d'Dame Shirley Bassey. Di walisesch Sängerin ass di éischt Kënschtlerin, déi a 7 Joerzéngten hannerteneen en Album an de britteschen Top40 Charts placéiere konnt.

60. Gebuertsdag fir de franséische Sänger a Komponist Pascal Obispo.

Seng 52 Joer feiert den jamaikaneschen Artist Sean Paul Henriques. Virun der Musekskarriär ass hien en erfollegräiche Sportler - de Sean Paul ass als Teenager an der Waasserball-Nationalequipe vun Jamaika.