... 18 Joer stellt de Steve Jobs zu San Francisco den éischten iPhone vir. Mat sengem Touchscreen a senge villen anere Funktioune revolutionéiert de Smartphone (net nëmmen) d'Welt vun der mobiller Telefonie.

09/01/2025 Haut virun...

Den Horatio Nelson ass de bedeitendsten Offizéier vun der Royal Navy. 1806 gëtt hien an engem Staatsakt an der Londoner St Paul's Cathedral bäigesat. Réischt 34 Joer méi spéit krit en um Trafalgar Square seng berüümte Statu.

1923 geléngt dem spueneschen Ingenieur a Loftfaartpionéier Juan de la Cierva den éischte Vol mat engem Droschrauwer. Säin "Autogiro" ass e Virleefer vum haitegen Helikopter. D'Gelenker an der Mechanik vu sengem Gefier gi nach haut nom nämmlechte Prinzip gebaut.

De brittesche Medezinner a Bakteriolog Alexander Fleming test 1929 fir di éischte Kéier säin zoufälleg entdeckten Antibiotikwierkstoff Penicillin. Séier gëtt di enorm Bedeitung fir d'Medezin kloer.

1951 geet zu New York dat neit Haaptquartéier vun de Vereente Natiounen op. Dozou zielen d'Generalversammlung, d'Konferenzgebai an d'Sekretariatsgebai, dat 39 Stäck an 154m héich ass. Den Terrain op deem d'Quartéier steet, war vum John Rockefeller jr. gestëft ginn.

1913 kënnt de Richard Nixon op d'Welt. Vu 1969 bis 1974 ass den "Tricky Dicky" de 37. President vun den USA, a muss nom Watergate-Skandal zrécktrieden. Bis haut ass hien deen Eenzegen, dee säin Amt néierleeë muss.

75 Joer hätt haut de Museker an Acteur Ralph Christian Möbius krit. Als Rio Reiser ass hien de Sänger vun der Band Ton Steine Scherben, an och als Soloartist a Songwriter erfollegräich.

60 Joer al gëtt de Nestor Alexander Haddaway. De Mann heescht wierklech sou mat Familljennumm. Den Haddaway ass an de 90er ee vun de grousse Stare vum Eurodance.