
© Pixabay
... 96 Joer kënnt an der belscher Zeitung "Le petit vingtième" den éischte Comicstrip vum Tintin eraus. "Tintin au pays des Soviets" ass e politesch net korrekte Fortsetzungs-Comic, dee réischt an de 1980er Joren als Album 0 vun der Serie gedréckt gëtt.
1863 geet zu London den "Tube" op. De "Metropolitan Railway" ass den éischte Metro vun der Welt. Op der 6km laanger Streck tëscht Farringdon a Paddington si 7 Arrêten, an deen Tracé ass haut nach Deel vum Londoner Underground.
1901 schéisst bei Buerungen am Texas eng riseg Fontän Äerdueleg aus dem Buedem. Iwwer Nuecht gëtt di amerikanesch Uelegextraktioun verdräifacht a léisst nei Uelegentreprisen wéi z.B. Texaco entstoen.
1919 gëtt an Däitschland falsch gemooss. Nom Éischte Weltkrich entsteet tëscht de vu Frankräich an den USA besate Gebidder eng Mikronatioun. De Freistaat Flaschenhals (well en op der Landkaart ausgesäit wéi den Hals vun enger Fläsch) bleift 4 Joer laang bestoen.
1920 trëtt de Friddensvertrag vu Versailles a Kraaft. Doduerch gëtt de Vëlkerbond gegrënnt, deen um US-President Wilson sengem 14-Punkte-Plang baséiert, fir sou dauerhaft de Fridden ze sécheren.
1949 bréngen RCA Records di éischte 7" Single op de Marché, déi mat 45 Tier pro Minutt ofgespillt gëtt. Bis dohi ware Singele mat 10" an 78 Ëmdréiungen üblech. Plackespiller gi mat 3 erlee Vitessen adaptéiert, sou datt se all Plackeformater ofspille kënnen. Um Enn kënnen RCA sech am sougenannte "Battle of the Speeds" duerchsetzen - 5 Joer méi spéit bidden di grouss Plackefirme just nach 45er Singelen un.
1979 gëtt Kambodscha a Volleksrepublik Kampuchea ëmbenannt, nodeems vietnamesesch Truppen di Rout Khmer vun der Muecht verdriwwen hunn. Bis 1993 gëtt et déi De-facto-Regierung an ass international kaum bis guer net unerkannt.
80 Joer al gëtt haut de Roderick, genannt Rod, Stewart. De brittesche Museker huet a senger laanger Karriär méi wéi 250 Millioune Placke verkaaft.
2 Deeg no sengem 69. Gebuertsdag stierft 2016 de brittesche Museker a Kënschtler David Bowie.