
© afp
Haut fänkt zu Las Vegas d'Consumer Electronics Show un. Mat ronn 135.000 Visiteuren a 4.300 Aussteller ass d'CES déi gréissten Tech-Foire op der Welt. Nieft Automobilitéit, Digital Health an Entertainment-Elektronik, wäert dëst Joer virun allem d'Kënschtlech Intelligenz am Virdergrond stoen. En Iwwerbléck vum Chris Reuter.
Ënnert den dausenden Aussteller aus 49 Branchë sinn dëst Joer erëm vill Startups, awer virun allem 309 vun de "Fortune 500" Entreprisen. "Fortune 500" ass eng Lëscht vun der US-amerikanescher Zäitschrëft Fortune, op där déi 500 ëmsazstäerkst Entreprisen aus den USA regroupéiert sinn. Dozou gehéiere global Player ewéi Qualcomm, Intel, Google, Samsung oder Panasonic. Mat "Rolling Wireless" an "Data Design Engineering" sinn zu Las Vegas och zwou Firme mat dobäi, déi hire Sëtz hei zu Lëtzebuerg hunn.
Ganz klassesch gëtt op der CES eng ganz Partie Hardware presentéiert. Nieft ëmmer méi leeschtungsstaarke Computere kommen aktuell och vill Fernseeë mat enger Bildschierm-Gréisst vun iwwer 100 Zoll op de Marché. Am Beräich vum Entertainment kann ee sech virun allem vu groussen Hiersteller ewéi LG, Sony, Hisense oder TCL nei Produiten erwaarden.
Kënschtlech Intelligenz
Kënschtlech Intelligenz war schonn op der CES 2024 eent vun den dominanten Themen, an deen Trend geet dëst Joer weider. Zum Beispill dierft den Nvidia-Chef Jensen Huang nei Supercomputer-Chips virstellen. Dës gi vu KI-fäege Computer gebraucht, fir déi Onmass u Recheleeschtung bewältegen ze kënnen. Och Samsung huet schonn eng Keynote ugekënnegt, bei där de Fokus um Asaz vu Kënschtlecher Intelligenz bei Haushaltsgeräter leie soll.
KI wäert awer och soss an all anerem Beräich vun eisem Liewen an den Asaz kommen. D'Entreprise "AEGIS", vu Houston am Texas, huet zum Beispill en intelligenten Iwwerwaachungssystem annoncéiert, dee Sécherheet duerch eng fortschrëttlech KI a modular Sensor-Technologie nei definéiere wëll. LG huet da "Life's Good 24/7 with Affectionate Intelligence" ugekënnegt. D'Iddi hannendrun ass, dass Technologie net nëmme praktesch, mee och emotional uspriechend ass an esou nach besser op d'Besoine vum Notzer agoe kann.
Mobilitéit
Traditionell ass och den Automobilsecteur staark op der CES vertrueden. Mat dobäi sinn zum Beispill Honda, déi a Kooperatioun mat Sony direkt zwee futuristesch E-Autoe presentéiere wëllen: Ee Crossover an eng Van-méisseger Limousine, déi allen zwee d'nächst Joer op de Marché komme sollen. D'Karosserie soll dobäi éischter eng Nieweroll spillen, et geet haaptsächlech ëm innovativ Léisunge beim Infotainment. Wa Sony involvéiert ass, dierf Ënnerhalung natierlech net feelen, vläicht kann ee jo an Zukunft am Stau "Gran Turismo" oder "Fifa" zocken. BMW wäert zu Las Vegas säin neien Infotaiment-System "Panoramic iDrive Vision Display" presentéieren, wat mat där neier Klass X a Serie produzéiert wäert ginn. Och BMW wäert e futuristeschen E-Auto presentéieren, dee Stroum aus Solarzelle gewanne kann an domat nëmme ganz seele geluede gi muss.