
© Pixabay
... virun 10 Joer ass et a Frankräich di sougenannte "Marche républicaine" fir den Affer vun der Terrorattack op Charlie Hebdo ze gedenken. Am ganze Land gi méi wéi 4 Millioune Leit op d'Strooss. Zu Paräis gi 47 Staatscheffe mat fir hir Solidaritéit auszedrécken.
Zu Bréissel gëtt 1790 en Uniounsvertrag ënnerschriwwen tëscht de belsche Provënzen a kuerz drop d'Republik vun de Vereenegte Belsche Staaten proklaméiert. Dee Bond ass awer net vu laanger Dauer, virum Enn vum Joer gëtt di Unioun scho rëm opgeléist.
1886 fänken di éischt Weltmeeschterschaften am Schach un. Zu New York, Saint Louis a New Orleans spillen den Éisträicher Wilhelm Steinmetz an de Johannes Zukertort aus Polen ëm den Titel. No bal 3 Méint ka sech de Steinmetz um Enn mat 10 zu 5 Victoiren duerchsetzen.
Den iranesche Schah Pahlavi presentéiert 1963 um Nationalkongress vun de Baueren zu Teheran e 6-Punkte-Reformplang. Mat dësem sollen d'Land moderniséiert ginn an di sozial Situatioun sech verbesseren. De Plang wäert als Wäiss Revolutioun an d'Geschicht vum Iran agoen.
1991 fale sowjetesch Truppen a Litauen an fir am onofhängege Land erëm d'Muecht z'iwwerhuelen. Ouni Succès zéie se sech 2 Deeg méi spéit zréck a probéieren duerno dat selwecht a Lettland. Och do hu se bis Enn des Mounts keen Erfolleg, grad sou wéi an Estland. D'Onofhänegkeet vun den 3 baltesche Staate gëtt mat 19 Affer ënnert de friddlechen Demonstrante bezuelt.
2002 kommen di éischt Prisonéier am Camp vu Guantanamo Bay un. Bis haut sinn di Internéierunge vu presuméierten Terroristen ëmstridden. Aktuell sinn do nach ëmmer ronn 30 Leit agespaart.
2008 stierft de Sir Edmund Hillary. De neiséilännesche Biergsteiger ass 1953 deen éischten um héchste Bierg vun der Welt Mount Everest.
2009 verléisst eis den Thierry van Werveke. Acteur, Museker, Kultfigur, hie gëtt 50 Joer al.
2015 ass et den Doud vun der Actrice Anita Ekberg. Di fréier Miss Schweden gëtt weltbekannt duerch hir Zeen am Trevi-Buer zu Roum am Film La Dolce Vita.