... 49 Joer stierft d'Agatha Christie. Der brittescher Schrëftstellerin hir bekanntste Figure sinn d'Miss Marple an den Hercule Poirot. Hir Bicher hu sech weltwäit méi wéi 2 Milliarde mol verkaaft.

12/01/2025 Haut virun...

1959 gëtt zu Detroit ënnert dem Numm Tamla Record Company e Plackelabel gegrënnt. D'Joer drop verschmëlzt de Chef Berry Gordy dëse mam Schwësterlabel Motown. Motown, d'Ofkierzung fir Motor City, ass de Spëtznumm vun der Autostad Detroit. Virun allem fir di afroamerikanesch Museker ass de Motown Label bis haut eng wichteg Institutioun am Museksgeschäft.

Den amerikanesche Psychologieprofesser James Bedford gëtt 1967 no sengem natierlechen Dout a Kryostas versat. Hie gëtt quasi agefruer, an der Hoffnung iergendwann rëm weiderliewen ze kënnen. Kryoniker feieren deen Dag och als "Bedford Dag". Bis haut huet sech awer nach keng technesch Méiglechkeet erginn fir de Professer erëm zum Liewen z'erwächen.

1981 krit Dallas Konkurrenz. Do ass et d'Première vun Dynasty op der amerikanescher Tëlee. Carringtons géint Colbys am Ueleggeschäft vu Colorado. Bekanntste Figur am Denver-Clan ass d'Biest Alexis Colby, gespillt vum Joan Collins. An allen 220 Episode spillt den John Forsythe alias Blake Carrington mat. D'Villa aus der Serie steet iwwregens a Kalifornien, net am Colorado.

Nodeems schonn e Schof, eng Maus, e Rand an eng Geess gekloont goufen, decidéiere 1998 19 europäesch Länner dass d'Reproduktioun vu Mënsche verbuede soll ginn. Bis haut ass och nach kee Frankenstein 2.0 dorëmmer opgedaucht. Obwuel hei an do mat mënschlechen Zellkären experimentéiert gëtt.

2010 komme bei engem Äerdbiewe op Haiti bal 300.000 Mënschen ëm d'Liewen, bal 2 Millioune Leit verléieren hiert Doheem. Den Epizentrum vum Biewe läit no bei der Haapstad Port-au-Prince - et ass bis elo dat zerstéiereschste vun dësem Joerhonnert.

Di amerikanesch Radiospeakerlegend Howard Stern gëtt haut 71 Joer al. 61. Gebuertsdag fir de Chef vun Amazon Jeff Bezos.

Si ass d'Duechter vum King of Rock 'n' Roll, a bestit 1994 de King of Pop - d'Lisa Marie Presley stierft haut virun engem Joer.

A wann Dir haut net wësse sollt wat iessen, wéi wier et da mat engem gudde Poulet-Curry? Haut ass den internationalen Dag vum Poulet-Curry. Firwat och ëmmer.