... 13 Joer verongléckt virun der italieenescher Insel Giglio d'Croisièresschëff Costa Concordia. 32 vun de 4229 Passagéier u Bord kommen ëm d'Liewen. De schëllege Kapitän verléisst net als Leschte säi Schëff a krit an der Suite 16 Joer Prisong.

13/01/2025 Haut virun...

A Schweden an a Norwegen ass et haut dem Hellege Knut säin Dag. Domat geet a béide Länner d'Chrëschtdagszäit op en Enn. Bullen, Käerzen a Séissegkeeten di iwwreg bliwwe sinn, gi vum Beemchen erofgeholl, éiert dëse liquidéiert gëtt. Dobäi flitt en awer net forcement ëmmer zur Fënster eraus, sou wéi mir dat aus enger Reklamm kennen. Den Dag ass benannt nom Knut IV., am 11. Joerhonnert Kinnek vun Dänemark.

RTL

© Pixabay

Apropos fléien. Schonn an de 1940er Jore geheien amerikanesch Kanner déi Deckelen duerch d'Loft op deenen d'Kuche vun der "Frisbie Pie Company" verkaaft ginn. Eent vun deene Kanner, de Walter Morrison, entwéckelt di Scheif weider a bréngt se um 13.Januar 1957 als "Pluto Scheif" op de Marché. Spéider gëtt se als "Frisbee" bekannt, a gëtt bis haut weltwäit verkaaft. De Weltrekord am Frisbee-Wäitworf läit iwwregens bei 338m.

1968 hëlt den Johnny Cash en Album op am Folsom State Prison a Kalifornien. Hie spillt 2 Concerte fir d'Prisonéier an den Album mat den Opname vun deem Dag verkeeft sech duerno méi wéi 3 Millioune mol.

69 Joer al gëtt di däitsch Musekerin Inga Humpe. An der Neuen Deutschen Welle ass si Deel vun DÖF, a Jore méi spéit och d'Sängerin bei der Grupp 2raumwohnung.

55 Joer hätt haut de Marco Pantani krit. Den italieenesche Vëlossportler gewënnt 1998 den Tour de France an den Giro d'Italia, a gëtt spéider wéinst Dopping gespaart. 2004 stierft de Pantani ënner net gekläerten Ëmstänn, an hält bis haut de Rekord fir di séierst Montéeën op d'Alpe d'Huez an op de Mont Ventoux.

Den däitsche Museker Tom Gaebel gëtt 50 Joer al. De studéierten Jazzsänger gëtt vu senge Fans "Dr. Swing" genannt.

48. Gebuertsdag fir den englesche Schauspiller Orlando Bloom.