... 335 Joer erfënnt den Däitschen Instrumentebauer Johann Denner d'Klarinett. De Numm vu sengem neien Instrument gëtt dorop zréckgefouert, datt et an den héije Regësteren änlech kléngt wéi di sougenannte "Clarino-Trompett".

14/01/2025 Haut virun...

1885 gëtt um 14. Januar vun der lëtzebuergescher Regierung beschloss, dass an der Stad an a noer Ëmgéigend en Telefonsnetz installéiert soll ginn. Enn vum Joer ass den Telefonsdéngscht mat Zentral um Piquet an der Stad operationell.

RTL

© Pixabay

1914 gëtt de Modell T vu Ford scho 6 Joer laang gebaut. Wéi de Firmegrënner Henry Ford haut virun 111 Joer op Produktioun um Fléissband ëmstelle léisst, kënne pro Dag 8x méi Autoen fir däitlech manner Geld gebaut ginn. Bis haut gi no deem Prinzip Gefierer produzéiert.

Zu Casablanca treffe sech 1943 den US-President Franklin D. Roosevelt an de brittesche Premier Winston Churchill fir driwwer ze berode wéi den Zweete Weltkrich weidergefouert soll ginn. De Josef Stalin ass och agelueden, bleift awer an der Sowjetunioun wéinst der Schluecht ëm Stalingrad, déi an hir decisiv Phas geet.

1967 treffe sech gutt 20.000 Hippien am Golden Gate Park zu San Francisco. Hire sougenannte "Human Be-In" steet fir Toleranz, fräit Denken a Fridden. Dësen Event gëllt als Ufank vum "Summer of Love", deen den Héichpunkt vun der Hippiebeweegung am ganze Land sollt markéieren.

1970 spillen Diana Ross & The Supremes zu Las Vegas hir leschte Concert. No 11 Joer an 12 Nummer-1-Hitte mat der Band start Madamm Ross duerno eng erfollegräich Solokarriär.

1972 gëtt d'Margrethe II. Kinnigin vun Dänemark. Genee 52 Joer méi spéit, 2024, iwwerhëlt hir Bouf Frederik de Kinnekstroun vun Dänemark, vun de Färöer a vu Grönland.

1973 ass dem Elvis Presley säi Concert "Aloha from Hawaii" deen éischten, dee live via Satellit a méi wéi 40 Länner iwwerdroe gëtt. Net an d'USA, well do dee selwechten Dag de Super Bowl méi wichteg ass. An enger Stonn séngt den Elvis 22 Lidder - direkt nom Optrëtt hëlt en der am eidele Sall nach 5 op, déi Ufank Abrëll an di amerikanesch Tëleesiwwerdroung drageschnidde ginn. Déi Emissioun kucke méi Amerikaner wéi d'Moundlandung 3 Joer méi fréi.

60 Joer al gëtt haut di lëtzebuergesch Actrice, Moderatrice a Sängerin Désirée Nosbusch.

57 Joer fir den amerikanesche Rapper LL Cool J (Ladies Love Cool James), och bekannt als Acteur aus der Serie Navy CIS: L.A.

Fir di eng just e weidere Batteur, fir di aner e Musekgenie: den Dave Grohl vun de Foo Fighters gëtt 56 Joer al.