
... 106 Joer gëtt d'Charlotte Groussherzogin vu Lëtzebuerg gebuer. Bis 1964 wäert si d'Geschécker vum Land leeden. Aus klimatesche Grënn gëtt 1961 eise Nationalfeierdag vun hirem Gebuertsdag um 23. Januar op den 23. Juni verluecht.
1826 läit den éischte "Le Figaro" am Zeitungsbuttek. Réischt 40 Joer méi spéit gëtt doraus eng Dageszeitung, déi haut di zweetmeeschtverkaaften a Frankräich ass.
1885 geléngt dem Amerikaner Wilson Bentley di éischte Foto vun enger Schnéiflack. An der Moyenne huet sou eng Flack en Duerchmiesser vu 5mm an eng Masse vu 4mg. Fält sou eng op d'Waasser, mécht se e Geräich am Ultraschallberäich, dee Mënsche net héiere kënnen. Di gréisste jee dokumentéiert Schnéiflack hat iwwregens en Duerchmiesser vun 38cm.

© Pixabay
1892 presentéiert de kanadeschen Dokter James Naismith 13 Reegele vun enger neier Sportaart déi hien erfonnt huet. Basket Ball. Ugangs dierf just gepasst a net gedribbelt ginn an et sti 9 Spiller pro Ekipp um Terrain. Den alleréischte Kuerf schéisst anscheinend ee gewësse William Chase. Net de Michael Jordan.
1943 gëtt zu Arlington am Virginia de Pentagon ageweit. Bis haut eent vun de gréisste Bürosgebaier vun der Welt, hunn alle 5 Säiten eng Längt vu jee 280m, an d'Gäng bannendran alleguer zesummegerechent erginn eng Distanz vu gutt 28km. Trotzdeem ass all Punkt am Pentagon vun engem anere Punkt aus ze Fouss a manner wéi 7 Minutten z'erreechen.
2001 grënnen 2 Amerikaner d'Internetsäit Wikipedia. "Wiki" steet fir Systemer mat deene Usere Säite net just liese mee och verännere kënnen, a "pedia" kënnt vun Enzyklopedie. Et ginn aktuell 325 Wikipedien, och eng lëtzebuergesch, mat am ganze méi wéi 245 Millioune Beiträg, déi vun 3750 Administrateure kontrolléiert ginn. Vill Spaass.
Kuerz nom Depart muss 2009 e Fliger vu US-Airways noutlanden, well e Vulleschwaarm an d'Turbine geroden ass. Dem Kapitän Chesley Sullenberger bleift keng aner Méiglechkeet wéi um Hudson River zu New York ze waasseren. Wéi duerch e Wonner kënnen allen 155 Mënschen u Bord gerett ginn.
2018 gestuerwen am Alter vu 46 Joer ass d'Dolores O'Riordan, iresch Sängerin vun der Grupp The Cranberries.