Dëst Joer sti beim beléifte Streaming-Déngscht Netflix nees eng ganz Partie u Serien um Programm. Vun Wednesday, Stranger Things, bis The Witcher, ass och dëst Joer nees fir jiddereen eppes dobäi, Shawna Fonk.

07/01/2025 Netflix Serien 2025

"Castlevania: Nocturne" Staffel 2

Anime Fans dierfen sech freeën. De 16. Januar 2025 erschéngt nämlech déi zweet Staffel vun "Castlevania: Nocturne" op Netflix. An der Serie geet et ëm de Personnage Richter Belmont, a wei hien zesumme mat senger Adoptivduechter Maria Renard op Juegd no Vampire geet. D’Geschicht spillt am Joer 1792, wärend der franséischer Revolutioun.

"Cobra Kai ": Staffel 6, 3. Deel

Am Juli an am November 2024 sinn déi éischt zwee Deeler vun der 6. Staffel vun "Cobra Kai" op Netflix eraus komm. Den 13. Januar kënnt elo och dee drëtten Deel vun der Karate Kid Serie eraus. An der 6. Staffel, déi dann och déi lescht wäert sinn,  bereeden d’Karate Kids an hier Senseis sech op déi grouss Karate Competitioun Sekai Taikai vir. Hei wäerten si op nei an al Rivale stoussen.


"Wednesday": Staffel 2

Am Juli 2025 kënnt endlech déi zweet Staffel vun der Hit Serie "Wednesday" op Netflix, bal dräi Joer nodeems den éischten Deel gestart ass. D’Wednesday Addams, gespillt vum Jenna Ortega, wäert vill beschäftegt sinn. Niewent engem neie mysteriéise Fall deen déi jonk Teenagerin ze léise probéiert, muss d’Wednesday mat senger spezieller Famill, senge Frënn a senge Feinden eens ginn.


"The Witcher": Staffel 4

"The Witcher" begleet de couragéisen Hexer a Monster Jeeër Geralt vu Rivia op senger Rees no neien Abenteuer. Nei an der 4. Staffel vun der Fantasy-Saga ass, datt den Haaptpersonnage net mei vum Henry Cavill, mee vum Liam Hemsworth gespillt gëtt. Den Hemsworth kënnt ee vläit aus Filmer wéi "Die Tribute von Panem" oder der Netflix Rom-Com "Isn’t It Romantic". Bis elo gouf nach kee genauen Datum fir de Release vun der 4. Staffel vun "The Witcher" festgeluecht.


"Stranger Things": Staffel 5

"Stranger Things" ass eng Hommage un d’Monstergeschichten aus den 80er Joren. An der "Upside Down" Saga gëtt déi kleng Stad Hawkins an e Kampf tëscht Liicht an Donkelheet verwéckelt, a matten dran d’Eleven, gespillt vum Millie Bobby Brown, a seng Kolleegen. Et dierf ee gespaant sinn, wat de Vecna dëst Kéier fir nei béis Pläng virhuet. Netflix huet annoncéiert, datt de Start fir déi 5. Staffel am Joer 2025 wäert sinn, mee e genauen Datum ass nach net bekannt.