Traditionell brauch d'Museksindustrie ufanks des Jores e bëssen Zäit fir erëm an d'Gäng ze kommen. Trotzdeem huet de Bad Bunny mat "Debí Tirar Más Fotos" schonn deen éischte gréisseren Album fir dëst Joer erausbruecht. Haut feieren da Franz Ferdinand an de Ringo Starr Release Day. Mir verroden iech, wéi eng Albume bis elo soss nach fir dëst Joer annoncéiert goufen!
17. Januar: Mac Miller - BALLOONERISM
2018 ass de Mac Miller tragesch ëm d'Liewe komm. No "CIRCLES" (2020) kënnt de 17. Januar deen zweete posthumen Album vum amerikanesche Rapper eraus. "BALLOONERISM" hat de Miller scho virun 10 Joer produzéiert an deemools och schonn den Artwork an Optrag ginn. D'Famill vum Museker schreift op Instagram, dass d'Wierk fir de Malcolm vu grousser Bedeitung war, a säi musikalescht Talent a kënschtleresche Courage weise géif. 14 Tracks wäerten op "BALLOONERISM" mat drop sinn, zwee dovu schénge laut engem Trailer-Video d'Tracks "The Song That Changed Everything" zesumme mam SZA" a "5 Dollar Pony Rider" sinn. Béid Lidder waren an deene leschte Joer geleakt ginn a goufe sech vu ville Fans um Album erwaart.
24. Januar: The Weeknd - Hurry Up Tomorrow
Dem Abel Tesfaye seng The Weeknd-Ära geet lues a lues op en Enn. Ënnert sengem aktuelle Kënschtlernumm bréngt hien de 24. Album säi sechsten a warscheinlech leschten Album eraus. "Hurry Up Tomorrow" ass gläichzäiteg den Ofschloss vun der Album-Trilogie, vun där "After Hours" an "Dawn FM" déi éischt zwee Deeler waren. Mat "Dancing in the Flames" huet den The Weeknd schonn déi éischt Single-Auskopplung released. Genee esou ewéi bei "Blinding Lights" oder "Is There Someone Else" bleift hie senger poppeger 80er-Ästhetik trei.
Weider Highlights aus deenen nächste Woche sinn d'Albumen "Death & Love Pt. 1" (31. Januar) vun der englescher Rockband Circa Waves, "11:11" (7. Februar) vun der irescher Sängerin Biig Piig oder "Oceanside Countryside" (14. Februar) vum Singer-Songwriter Neil Young.
21. Februar: Tate McRae - So Close To What
D'Tate McRae ass eng reegelrecht Pop-Sensatioun. Mat "you broke me first", "10:35" a "greedy" huet d'Kënschtlerin et gepackt, iwwert e viralen Hype eraus eng enormen erfollegräich Karriär opzebauen. Den 21. Februar bréngt hatt säin drëtten Album "So Close To What" eraus, als Single-Auskopplunge si schonn "Its ok I'm ok" an "2 hands" dobaussen. Nieft der Musek liwwert d'Tate McRae mat senge Performances och eng vun deene beschte Live-Shows aus der Branche. Am Juni kënnt d'Kënschtlerin zum Beispill op Köln.
21. Februar: Sam Fender - People Watching
Dee selwechten Dag bréngt de Sam Fender en neie Longplayer eraus. Säit sengem leschte sinn zwee Joer vergaangen, an deenen hien ausverkaaft Tournéeë gespillt huet - ënnert anerem viru 45.000 am Londoner Finsbury Park. Den 21. Februar kënnt deen drëtten Album "People Watching" eraus. Wéi beléift de Sam Fender ass, erkennt een dorun, dass och seng UK-, EU- a US-Tournée erëm quasi Sold out ass.
Den 21. Februar gëtt et vill ze lauschteren, well och The Wombats mellen sech mam Album "Oh! The Ocean" zeréck. Déi däitsch Formatioun Provinz huet an deene leschte Joer Kollaboratioune mat groussen däitschen Artist en ewéi Majan, $OHO BANI oder Nina Chuba realiséiert. Virun allem hunn si awer schonn déi zwee Albume "Wir bauten uns Amerika" an "Zorn & Liebe" released. Rezent hate Provinz Erfolleg mam Track "glaubst du". Den 21. Februar brénge si hiren drëtten Album "Pazifik" op de Marché.
13. Mäerz: Teddy Swims - I've Tried Everything But Therapy (Part 2)
Mat "Lose Control" ass den Teddy Swims 2023 op TikTok viral gaangen. De Song huet et op de Radio gepackt an ass spéider dem Kënschtler säin alleréischten Nummer 1-Hit an den USA ginn. "Lose Control" war um Swims sengem erfollegräichen Album "I've Tried Everything But Therapy (Part 1)" drop. Den 13. Mäerz kënnt de "Part 2" eraus, als Single-Auskopplunge si bis elo d'Lidder "Hammer to the Heart", "Funeral" a "Bad Dreams" dobaussen.
Mat "Pieces" vum James Arthur den 21. Mäerz an "The Right Person Will Stay" vum Lana Del Rey den 21. Mee stinn nach zwee weider gréisser Release-Datumer scho fest!