
© afp
Liichtathletik
Och an der Liichtathletik gëtt et mam CMCM Luxembourg Indoor Meeting en traditionelle Rendez-vous hei zu Lëtzebuerg. International an national Top-Athlet*inne gi sech den 19. Januar Rendez-vous an der Coque. Den nationalen Indoor-Championnat ass fir den 23. Februar ugesat, d'Indoor-EM ass ufanks Mee zu Apeldoorn an Holland an d'WM zwou Wochen drop zu Nanjing a China.
Och a China ass de 26. Abrëll den Optakt vun der Diamond League. D'Liichtathletik Weltmeeschterschaft ass Mëtt September zu Tokio.
Den 31. Mee lafen um ING Nuetsmarathon erëm Dausende Leefer duerch déi elektriséierend Stëmmung an der Stad. Mol kucken ob de Rekord vu 16.100 Leefer vun 2024 ka gebrach ginn.

© afp
Basket
Am Februar huet d'Lëtzebuerger Basketnationalekipp vun den Dammen déi historesch Chance, sech fir d'EM ze qualifizéieren. De 6. an den 9. Februar spille si auswäerts géint Bosnien-Herzegowina a Montenegro. Aktuell stinn d'Lëtzebuerger Damme mat 7 Punkten, punktgläich mat Montenegro, op dä r éischter Plaz an der Tabell. Déi 8 Gruppenéischt an déi 4 stäerkst Gruppenzweet qualifizéiere sech fir d'EM. Déi gëtt dëst Joer an Italien, Däitschland, Griicheland an Tschechien ausgedroen. Déi éischt Gruppematcher ginn den 18. Juni gespillt.
Am nationale Basket ginn de 15. a 16. Mäerz an der Coque d'Finalle vun der Coupe de Luxembourg an der Coupe des Dames gespillt. D'Finallserien an der Enovos League bei den Dammen an Häre si fir Mëtt Abrëll ugesat.
De Finall-Weekend an der Euroleague gëtt vum 23. bis de 25. Mee gespillt, d'NBA Finals fänken de 5. Juni un.

© RTL
Handball
Am Handball start d'nächst Woch d'Weltmeeschterschaft vun den Hären a Kroatioen, Dänemark an Norwegen. D'WM bei den Dammen geet de 27. November lass, do ginn och e puer Matcher zu Tréier gespillt.
Fir d'Lëtzebuerg Handballnationalekippe steet dëst Joer d'EM-Qualifikatioun um Programm. D'Damme spillen de Weekend vum 7. bis den 9. Mäerz géint Zypern an d'Belsch. Och d'Häre mussen déi Woch drop géint d'Belsch untrieden, duerno waarden nach Tschechien a Kroatien.
An der nationaler Axa League ass vum 24. bis de 27. Abrëll de Final Four vun der Coupe an der Coque. Dee leschte Spilldag vun der Axa League ass den 31. Mee.

© afp
Vëlossport
Am Cyclocross si mir an der Crunchtime vun der Saison ukomm. Dëse Sonnden ass dat nationaalt Championnat zu Zéisseng. Duerno waarden nach dräi Manchë vum Weltcup, ier den 31. Januar d'WM zu Liévin a Frankräich ugeet.
Aus dem Bulli geet et duerno op d'Strooss. Den 1. Mäerz gëtt den Omloop Het Nieuwesblad gefuer, dat ass traditionell den Optakt vun der Klassiker-Saison. Legendär ass och d'Course Paris-Roubaix den 13. Abrëll. An natierlech net ze verpassen: D'Ardenne-Klassiker Amstel Gold Race, Flèche Wallonne a Léck-Baaschtnech-Léck déi Woch drop.
Den 9. Mee start mam Giro d'Italia deen éischte Grand Tour vun der Saison, déi éischt dräi Etappe ginn an Albanie gefuer. Déi 112. Editioun vum Tour de France hëlt säi Grand Départ de 5. Juli zu Lille. Den Tour de France Femmes geet de 26. Juli an der Bretagne lass. Enn August feiert d'Vuelta a España 90 Joer, den Départ ass hei zu Turin am Piemont.
Hei zu Lëtzebuerg gëtt och Course gefuer: Deen éischte Weekend am Mee ass de Festival Elsy Jacobs, e puer Wochen drop steet d'Flèche du Sud um Programm. Den Highlight ass awer sécherlech de Skoda Tour de Luxembourg vum 17. bis den 21. September.

© afp