
© Pixabay
... virun 22 Joer start de Space Shuttle Columbia an de Weltall. Bei dësem Depart gëtt de Schutzschëld vum Raumschëff sou beschiedegt, dass d'Columbia 16 Deeg méi spéit beim Antrieden an d'Äerdatmosphär vergléit an di 7 Astronauten u Bord stierwen.
1920 fänkt an den USA d'Prohibitioun un. Landeswäit gi Produktioun a Verkaf vun Alkohol verbueden. Dat nobelt Experiment geléngt awer net - illegal Verbreedung a Genoss vum Schnorri kënnen a wëllen d'Autoritéite net komplett kontrolléieren. 1933 gëtt d'Verbuet rëm opgehuewen.
1972 decidéiert den däitschen Inneministère, dass de Gebrauch vun der Bezeechnung Fräulein", op d'mannst mol an de Bundesbehörden, vun elo un z'ënnerloossen ass. Bis hire lëtzebuergesche Pendant vun der "Joffer" ofgeschaaft gëtt, dauert et nach e bësse bei eis.

© Pixabay
Am Kader vun der Iranescher Revolutioun geet de Schah Pahlavi 1979 an Ägypten an den Exil. Zwou Woche méi spéit kënnt den Ajatollah Chomeini zréck an d'Land, léisst d'Monarchie ofschafen an di nei Staatsform vun der Islamescher Republik installéieren.
Haut virun 10 Joer hieft den US-President Barack Obama e gudden Deel vum méi wéi 50 Joer ale Wirtschaftsembargo géint Kuba op. Déi Deeler vum Verbuet, fir déi et zur Annulatioun den OK brauch vum Kongress, bleiwen awer weider bestoen.

© Pixabay
1979 kënnt d'Sängerin an Actrice Aaliyah op d'Welt. Si huet Enn de 90er hir grouss Zäit, verkeeft gutt 30 Millioune Placken a stierft 2001 bei engem Fligeraccident.
Haut virun 8 Joer verléisst eis de Eugene Cernan. Den amerikaneschen Astronaut ass 1972 dee bis haut leschte Mënsch, deen de Mound rëm verléisst.
An da feieren d'Amerikaner haut de nationale "Näischt Dag". Op deem Dag gëtt näischt gefeiert oder geéiert. Di lëtzebuergesch Traductioun vum "Non-Event" ass do ganz passend. Bleift um Enn awer nach eng Fro ze klären: wann ee näischt mécht, mécht een dann net awer eppes? Well et mécht ee jo "näischt"...