
© Pixabay
... 96 Joer kënnt am New York Journal den éischte Comicstrip vum Popeye eraus. Ugangs nach eng Randfigur, gëtt de kauzege Frënd vum Spinat weiderentwéckelt a bis haut gezeechent.
Fir 25 Milliounen Dollar kafen d'USA 1917 di sougenannte Joffereninsele vun Dänemark of. Di am ganze méi wéi 50 Virgin Islands sinn eng Inselgrupp an der Karibik an e Baussegebitt vun den USA, dat net incorporéiert ass.
Wärend der Betankung an der Loft fält 1966 bei Almería an Andalusien eng Boeing B-52 vun der amerikanescher Loftwaff erof. 7 vun 11 Mann Besatzung kommen ëm d'Liewen. U Bord hu se 4 Waasserstoffbommen. Eng dovu fält an d'Mëttelmier, di aner 3 op d'Festland a kontaminéieren gutt 400 Hektar Akerland, ronn 1400 Tonnen dovu ginn ofgedroen. 3 Méint méi spéit kann di 4. Atombomm aus dem Mier gebuerge ginn.
Ënnert der Féierung vun den Amerikaner gräift 1991 eng Militärallianz den Irak un, nodeems den Ultimatum, sech aus dem besate Kuwait zréck ze zéien, verstrach ass. Operation Desert Storm dauert 5 Wochen, d'Allianz vun 42 Länner gëtt vu Lëtzebuerger Säit finanziell ënnerstëtzt.
Mat enger Stäerkt vu 6.7 op der Punkteskala wackelt 1994 zu Los Angeles de Buedem. 60 Leit verléiere beim sougenannte Northridge-Äerdbiewen hiert Liewen an et entsteet e Schued vu ronn 20 Milliarden Dollar. Et ass eng vun den deierste Naturkatastrophen an den USA.
Nach en Äerdbiewen ass et genee ee Joer duerno a Japan. An der Géigend vun der Stad Kobe gi 1995 souguer 7.3 Punkten erreecht. Méi wéi 6400 Leit kommen ëm, 61.000 Gebaier ginn zerstéiert - vill duerch Bränn déi net geläscht kënne ginn, well no engem dréchene Summer d'Zetäre vun der Stad net genuch gefëllt sinn.
Zu Brooklyn kënnt 1899 de bekannte Gangsterboss Al Capone op d'Welt. Laut senger Visittekaart ass de Mafioso en einfachen Antiquitéitshändler. Wéi en op Alcatraz am Prisong sëtzt, gëtt de Capone krank a stierft mat 48 Joer doheem a Florida.
1942 gëtt de Cassius Clay gebuer. Hie gëtt 3x Boxweltmeeschter, ännert säi Numm a Muhammad Ali, setzt sech fir Mënscherechter an a gëtt 1999 vum IOC zu Sportler vum Joerhonnert gewielt.
61 Joer al gëtt haut di fréier First Lady an Affekotin Michelle Obama.