
© pixabay.com
Elektrolytte sinn eng bestëmmte Grupp vu Mineralien déi fir de mënschlechen Organismus liewenswichteg sinn an déi mir iwwert d'iessen an drénken zou eis huelen. Alkohol allerdéngs ass do elo keng gutt Iddi well domadder erreecht een de Contraire. Dokter Nico Haas:
"Alkohol mécht duuschtereg, dat heescht d'Waasser geet aus dem Kierper eraus an dann ass ee relativ ausgedréchent an dat erkläert dann eisen decke Kapp vun deem aneren Dag deen dann op eis duerkënnt an do drénkt een natierlech e bëssi Waasser. Och déi di extrem Sport maachen a vill schweessen, do ginn et haut Solutiounen déi net ze vill an net ze wéineg hunn an déi awer dat kompenséiere wat ee beim Sport verluer huet."
Ze héich oder ze niddreg Wäerter vu Salz a Mineralien am Kierper stéiere vill Funktioune vum Kierper a kënne wann et ganz domm kënnt, souguer zu liewensgeféierleche Komplikatioune féieren.
"De Mënsch brauch dat fir kënnen ze liewen, fir dass seng Nerven, Muskelen a säi Gehier kënne fonctionéieren. A wann een däers net genuch huet, da fillt ee sech schwaach, et gëtt ee midd. Et kann esou wäit goen, dass wann een net genuch Salz huet, een an de Koma fält a souguer stierwe kann."
Wann ee soss bei gudder Gesondheet ass, sollt ee sech awer keng Gedanke maache well de Kierper reagéiert a mir drénken automatesch méi oder manner.
"Méi komplizéiert gëtt et awer wann de Mënsch krank ass an e muss Medikamenter huelen. Do ginn et verschidde Medikamenter déi kënnen de Sodium an de Potassium aus dem Kierper huelen, wéi zum Beispill Diurétiquen , Medikamenter déi och geholl gi fir de Bluttdrock ze behandelen oder aner Medikamenter wéi d'Anti-Epileptiquen oder Antidepresseuren."
Net nëmmen ze wéineg Waasser am Kierper kann zu Problemer féiere wat eis Elektrolytten uginn:
"Et kann een och eng Hyponatrimie kréien duerch Potomanie, dat heescht doduerch, dass een ze vill Waasser drénkt, diluéiert ee säi Salz am Kierper, dass ee ka krank ginn dovunner."
Nieft iwwerméissegem Alkoholkonsum ginn et awer och nach aner Ursaachen déi den Elektrolytten-Haushalt op d'Kopp brénge kënnen. Sou zum Beispill bei staarkem Duerchfall, vill Schweessen oder wann ee sech dacks iwwergëtt. Virun allem bei Kanner, eelere Leit a Mënsche mat engem schwaachen Immunsystem kann e Verloscht u Flëssegkeet an Elektrolytten, zum Beispill bei Duerchfall, awer zu Komplikatioune féieren.
Dowéinst sollt ee grad bei deene Leit gutt oppassen, dass se ëmmer genuch drénken an dat ëmsou méi wa se krank sinn. An dat net nëmmen am Summer wann et waarm ass.