
© pixabay
Eng Generatioun definéiert sech net nëmmen iwwert den Alter an den Ofstand zu der nächster, ma och beispillsweis iwwer de Museksgoût, d'Liewensweis oder doriwwer wat ee gären undeet, gemeinsam Erliefnesser an Erfarungen. Awer och politesch a sozial Changementer markéieren eng Generatioun a schafen e Gemeinschaftsgefill.
Wichteg ass et awer ze betounen, dass et keng offiziell global Andeelung dofir gëtt. An anere Wieder - Generatiounsiwwergräifend Trennlinnen si keng exakt Wëssenschaft. Si funktionéieren trotzdeem als Tool fir Changementer, Meenungen an Astellunge vum Mënsch am Laf vun de Joren z'analyséieren. De Prof. Dr. Robin Samuel, Professer fir Jugendfuerschung vun der Uni Lëtzebuerg erkläert:
Im wesentlichen sind vor allem die neueren Generationenbezeichnungen das Produkt von Forschungszentren, aber auch der Marktforschung. Bei gewissen Bezeichnungen gibt es durchaus auch Verbindungen zur Literatur, die dann Eingang gefunden haben und verwendet wurden um bestimmte Generationen, deenen man bestimmte Charakteristiken zuschreibt, zu bezeichnen. Aber es gibt in dem Sinne keine global anerkannte Instanz, die jetzt darüber befindet, wie diese Generationen zu bezeichnen sind, das ist ein dynamischer Prozess.
D'Grondiddi war, dass et wärend der Entwécklung vum Kand zum Erwuessene markant Evenementer gëtt an dass déi Evenementer en Afloss op d'Wäerter, d'Usiichten an och d'Verhalensweise kënnen hunn. E Beispill kann eng Generatioun sinn, déi den éischte Weltkrich materlieft huet an déi Zäit, nieft de Schrecke vum Krich och Mangel erlieft huet. D'Iddi vun de Generatiounen huet an der Soziologie eng laang Geschicht, ma kloer ass awer och, dass et grad esou e Rateschwanz u Kritik gëtt.
Wir können nämlich sagen, dass so eine Idee auch eine starke Vereinfachung darstellt. Nur weil Menschen zu einem bestimmten Zeitpunkt geboren werden, heisst es ja noch nicht, dass es dann weitere Unterschiede gibt, die vielleicht zu tun haben mit Kultur, der sozialen Stellung der Person, mit der Geschlechtsidentität, aber auch dem Ort an dem die Personen leben und aufwachsen.
Tëscht de Generatioune leie meeschtens 20 Joer, well dat ongeféier den Zäitraum ass, fir Erwuessen ze ginn. Den 1. Januar huet d'Generatioun Beta ugefaangen, déi mat grousser Warscheinlechkeet spéider wäerten Jobs hunn, déi et haut nach guer net gëtt. War Gen Alpha virun allem duerch sozial Medien an d'Corona-Pandemie markéiert, sollen an der Gen Beta virun allem kënschtlech Intelligenz a „Smart Devices“ eng gréisser Roll spillen. KI-Algorithmen wäerte Léieren, Akafen oder och sozial Interaktioun op eng Manéier upassen, déi een sech haut nach net wierklech virstelle kann.